Communiqué vum Comité vun den Veteranen Léif Fëscherinnen a Fëscher, Kollegen a Kolleginnen, De Championnat vun de Veteranen ass eriwwer a mir hunn e würdegen Champion 2019 an der Persoun vum Val Pletgen. De President Claude Paulus an säin Comité wëllen awer nach e puer Leit Merci soen. Merci un all Fëscherinnen a Fëscher dass de Championnat roueg a fair ofgelaf ass. Merci un den Dan Schleich an seng Equipe dass hien all Dënschden wou mer gefëscht hunn um Dill war, fir virum, wärend an nom Fëschen fir eisen Duscht an eisen Honger ze suergen. Dann e Merci un déi Leit déi him owes gehollef hunn anzepaken Merci un déi vill Léit déi eis wärend deenen 6 Manchen ënnerstëtzt hunn. Un all déi Leit déi deene mer elo vergiess hunn Merci ze soen geet e ganz spezielle Merci. E grousse Merci geet un de Comité vun der Section de Compétition dass se mat eisem President e Léisung fonnt hunn dass sie kënnen op der Streck trainéieren a mir den 1 Oktober eis Manche konnten ofhalen. Mir wäerten nächst Joer den Datum net méi kuerzfristeg änneren.